den Maart vun éischt klasseschen Occasiounen
Do ass et erëm, d‘Verlaangen no eppes Speziellem, no eppes Eenzegaartegem. D‘Verlaangen no engem Auto wei keen aneren.
Wie steet hannert First Motors?
Ech sinn den Michel Atten an sinn zanter 13 Joer am Automobilgeschäft aktiv. An dat mat Passioun: Vu klengem un huet sech bei mir schon ëmmer alles ëm Autoe gedréint. Ech hunn eng Virléift fir Sportsautoen, ouni mech dobäi op eng Mark ze begrenzen. Mat First Motors hunn ech endlech mäin Dram verwierklecht: mech selbstänneg maachen a meng eege Clienten um Wee zu hiren Dramauto begleeden. De Kaf vun engem Auto ass eng Vertrauenssaach. Loosst eis zesummen iwwer Ären Wonsch-Auto schwätzen: kontaktéiert nach haut First Motors.

Michel Atten
Grënner, Direkter, Bensinnskapp
Mir stinn Iech Fro an Äntwert: Dir gitt eis wichteg Detailer iwwer Äre gewënschten Auto a sot eis wat Dir wëllt an awer och, wat Dir net wëllt. Mir lauschteren Iech opmierksam no a beroden Iech. Zesummen definéiere mir genee deen Auto, deen Dir sicht.
Mir begleeden Iech vum Ufank bis zum Schluss : vun der Berodung bis bei d’Botz an d’Wäsch bannen a baussen, iwwer d’Umeldung an d’Liwwerung duerch e professionellen Transporter heem. Dir kënnt also direkt lassfueren. Mir proposéieren Iech do verschidden Offeren – Dir sot eis, wéi Dir et gär hätt.
Mir proposéieren Iech nëmme suergfälteg ausgewielte Premium-Occasiounen am Kaf a Verkaf. Déi bescht Qualitéit zum beschte Präis – garantéiert.
Mir proposéieren Iech nëmme suergfälteg ausgewielte Premium-Occasiounen am Kaf a Verkaf. Déi bescht Qualitéit zum beschte Präis – garantéiert.